1. Wäissentour war een Erfolleg

1. Wäissentour war een Erfolleg

Eisen éischten Trëppeltour war en Erfolleg. Trotz dem ongënschtege Wieder hunn zuelräich „aktiv“ Memberen de Wee bis op Consdrëf fonnt gehat. Den Hënn war de bëssi Reen egal. Si waren an hirem Element an hu sech super an der Wiss ausgetobt. Duerno, bei der Waasserplaz gouf dann ëm d’Wett geschwommen. Während déi agefleeschte Schwëmmer ee Bengel nom aneren aus dem Waasser geholl hunn, huet deen een oder anere sech matrappe gelooss a seng éischt „Schrëtt“ am naassen Element gemaach. Nom Trëppeltour gouf et dann och nach eppes fir den Duuscht bei Hond a Mënsch ze läschen an et gouf sech nach gemittlech ënnerhalen.

E Merci un d’Memberen déi komm sinn. Ech hoffen, dat déi, déi haut net konnten dobäi sinn, duerch d’Fotoen ëm sou méi motivéiert sinn fir sech eis déi nächste Kéier unzeschléissen.

About the Author

Joé

0

 

No comments yet

What do you think