2. Wäissentour

2. Wäissentour


Den zweeten Trëppeltour, dee vum WSL den 18. November 2012 organiséiert gouf, huet eis dës Kéier an de Weste vun eisem Ländchen, näämlech ob Kietscht gefouert. Mir haten eis e flotte Wee vu ronn 6 km erausgesicht a ware frou ze gesinn, dass eng ganz Réi Membere vum WSL, trotz niwwelegem Novemberwierder, de Wee bis an d’Eisleck fonnt haten.

Den Trëppelwee huet eis duerch eng wonnerschéi ländlech Géigend gefouert, laanscht grouss Wisen, Felder an och e puer kleng Bëscher. Eis Muppe si während dem Spazéiergang ëmmer ëm eis ronderëm gewuselt an hunn zesumme gespillt a gerolzt. Duerch e klenge Dällche goung et du biergof Richtung Uerschdref, wou d’Léit, déi eis begéint sinn, net schlecht gestaunt hunn, wéi hinnen op eemol esou vill wäiss Muppen entgéint koumen.

A wien eis Wäisser kennt, de weess, dass si kee Pull a keng Baach ausloossen, fir emol hier Patten dranzestiechen, an dat war dunn och de Fall, wéi mir Duerf Richtung Kietscht erëm verlooss hunn, an de Wee eis laanscht eng Baach gefouert huet. No e puer Sekonnen waren all eis Muppen gutt naass. Mee si ware ganz zefridden.

No eisem Tour gouf du mat enger Taass Téi, nach e bësschen zesumme gepotert an domat huet eisen zweeten Trëppeltour och säin Enn fonnt. Mee eppes steet fest. Mir, an zëmools eis Hënn, freeë sech schonns op dee nächsten flotten Tour.

About the Author

Joé

0

 

No comments yet

What do you think