3. Wäissentour

3. Wäissentour

Haut war d’Wantereditioun vun eisem Wäissentour. D’Frau Holle huet dofir gesuergt, datt dëse Wäissentour sengem Numm gerecht ginn ass. =)
Trotz de Schwieregkeeten, fir eisen Treffpunkt tëscht Kayl, Rëmeleng an Téiteng ze fannen, konnte mir eis awer zuelräich beim Téitenger Tierasyl versammelen. Gutt waarm agepaakt hu mir eis op de Wee gemaach, fir dee flotten Trëppeltour ze goen. Déi wanterlech Landschaft war fir Hond a Mënsch eng Freed. Och dës Kéier gouf sech gutt ënnerhal an d’Hënn hunn dervu profitéiert fir mat hire Kollegen duerch de Schnéi ze düsen. No 8 Kilometer an 2 Stonnen hate mir eis de waarmen Téi mat de Kichelcher verdéngt. Ech si frou, datt nees esou vill Leit mat eis spadséiere komm sinn a freeë mech schonn op eis nächst Aktivitéit.

Merci WSLer!

Äre President.

About the Author

Joé

0

 

No comments yet

What do you think