4. Wäissentour

4. Wäissentour

De 16. Juni 2013 hu d’Memberen an d‘Frënn vum WSL sech mat hiren treie Véierbeener op e Neits zesummefonnt fir eng flott Randonnée an der lëtzebuerger Schwäiz, méi genau zu Bäerdrëf, ze maachen. Zu 27 un der Zuel a mat bal genau souville Grad Celsius (ganz ontypesch fir eise Club) hu mir eis um 10 Auer op de Wee gemaach. Déi bal 8 km sinn fortgaangen op enger grouβer Wiss auβerhalb vum Duerf an hunn eis iwwert Feldweër laanscht de Bësch gefouert. Eis trei Begleeder sinn begeeschtert duerch d’Wisen a Felder gerannt an hunn dene waarmen Temperaturen getrotzt. Ennerwee si mir laanscht e puer Geessen getrëppelt, déi eis an d’Hondsschar genausou verwonnert ugekuckt hunn wéi sou munchen Zweebeener, den eis den Dag nach  iwwert de Wee gelaf ass! Natierlech duerft bei eisem Tour en Abschnëtt duerch de Besch net feelen, emerhin ass de Mëllerdall bekannt fir séng wonnerschéin Fielswänn an draamhaft Bëschlandschaften. Och d’Hënn hu sech prächteg ameséiert an halsbrecherech Descenten gewot fir den Eischten am nächste Pull oder der klenger Baach ze sinn. Wou et biergof geet, muss et och erem rop goen an nodeems eis flott Equipe sech uewen am Duerf ukomm um Camping konnt erliichteren, ass et an der waarmer Mëttessonn Richtung Wiss zréckgaangen. No 2 Stonnen Marsch hunn eng etlech Moër gegrommelt a mir hunn eis op der grouβer Holzbänk niddergelooss fir eise Barbecue zesummen ze genéissen. Zaloten, gudd gekilltent Gedrénks a lecker Gegrilltes ass dunn komm ewéi geruff. A wéi emer stoung dem Mënsch säi beschte Frend am Mëttelpunkt vun de Gespréicher a jiddereen wosst déi eng oder aaner lëschteg Anekdot vu sengem Schéiferhond ze verzielen. Mee och soss ass vill gebraddelt a gelaacht ginn an déi ausgeloosse Stëmmung souwéi dat gelongend Iessen bei summerlechen Temperaturen hunn dozou agelueden sech nach bis an d’Owesstonnen eran beieneen ze gesellen. Direkt si Pläng fir nächst Ausflig diskutéiert ginn an Iddien fir de nächste Barbecue entstaanen. Merci fir de wonnerbaren Dag un eis léiw Frënn vum wäisse Schéiferhond a bis ganz direkt!

About the Author

Joé

Comments are closed.