6. Wäissentour

6. Wäissentour

Dës Keier huet et eis an den Zentrum vum Land gezunn. Mir hunn eis zuelräich zu Bartreng gewisen, sou dass déi Stater eppes ze kucken haten wéi gutt 20 Wäisser opgetaucht sinn. Nodeems mir eis zesummefonnt hunn, an déi ganz Strooss och Bescheed wosst, dass mir do waren, hu mer eis op de Wee gemaach.  Geplangt war ee flotten Tour, dee wéinst der Juegd net duerch d’Bëscher feiert. Et huet eis laanscht Felder an Wise gezunn, wou och deen een oder anere « faarwege » Mupp net schlecht gestaunt huet, nodeems mir laanscht säi Baurenhaff koumen, deen hien fläisseg um iwwerwaache war. D’Wieder war och op eiser Säit, sou dass d’Zweebeener dréche bliwwe sinn, wat een awer net vun eisen treie Begleeder soe konnt. De Berger Blanc Suisse gouf et zum Schluss net méi, mee mir waren all stolz Besëtzer vun der neier Stater Rass, dem « Berger Brun Suisse ».

Et freet mech als President ze gesinn, zu wéi vill Membere mir haut erëm ënnerwee waren, an dass mir haut och 3 nei Membere bei eis begréisse konnten. Ech freeë mech schonn elo op eis nächst Aktivitéit zesummen.

An net ze vergiessen, dem Sonia nach eng Kéier Merci gesot fir dee flotten Tour, deen hatt rausgesicht hat.

Bis geschwënn

Joé

About the Author

Joé

Comments are closed.