Archive for the ‘News’ Category

Kommentare deaktiviert für 1. Wäiss Trophy

1. Wäiss Trophy

Hei mat wellen mir Iech härzlechst op eis Wäiss Trophy den 10/08/2014 zu Bäerdref anlueden … Puer Detailer: -mir hunn 4 Muppengeschäfter mat Verkaafsstänn um Site – mir hun eng Déirephysiotherapeutin déi, sou wéi et méiglech ass, ären Hënn gratis Massagen ubidd – mir hun een Fotozelt wou an enger schéiner Deko professionel Fotoen vun […]

Kommentare deaktiviert für Chrëschtfeier

Chrëschtfeier

Freides, den 20. Dezember 2013 huet den WSL op seng traditionell Chrëschtfeier invitéiert. Dëst Joer hate mer eis den Savory zu Grevenmaacher erausgesicht, deen iwwerzeegt huet mat sengem wonnerbaren Menu. Mir waren frou ze gesinn, dass sou vill vun eisen Memberen Zäit fonnt haten fir en flotten a gemittlechen Owend mam Club ze verbréngen. Et […]

Kommentare deaktiviert für 6. Wäissentour

6. Wäissentour

Dës Keier huet et eis an den Zentrum vum Land gezunn. Mir hunn eis zuelräich zu Bartreng gewisen, sou dass déi Stater eppes ze kucken haten wéi gutt 20 Wäisser opgetaucht sinn. Nodeems mir eis zesummefonnt hunn, an déi ganz Strooss och Bescheed wosst, dass mir do waren, hu mer eis op de Wee gemaach. […]

Kommentare deaktiviert für 4. Wäissentour

4. Wäissentour

De 16. Juni 2013 hu d’Memberen an d‘Frënn vum WSL sech mat hiren treie Véierbeener op e Neits zesummefonnt fir eng flott Randonnée an der lëtzebuerger Schwäiz, méi genau zu Bäerdrëf, ze maachen. Zu 27 un der Zuel a mat bal genau souville Grad Celsius (ganz ontypesch fir eise Club) hu mir eis um 10 […]

0

3. Wäissentour

Haut war d’Wantereditioun vun eisem Wäissentour. D’Frau Holle huet dofir gesuergt, datt dëse Wäissentour sengem Numm gerecht ginn ass. =) Trotz de Schwieregkeeten, fir eisen Treffpunkt tëscht Kayl, Rëmeleng an Téiteng ze fannen, konnte mir eis awer zuelräich beim Téitenger Tierasyl versammelen. Gutt waarm agepaakt hu mir eis op de Wee gemaach, fir dee flotten […]

0

2. Wäissentour

Den zweeten Trëppeltour, dee vum WSL den 18. November 2012 organiséiert gouf, huet eis dës Kéier an de Weste vun eisem Ländchen, näämlech ob Kietscht gefouert. Mir haten eis e flotte Wee vu ronn 6 km erausgesicht a ware frou ze gesinn, dass eng ganz Réi Membere vum WSL, trotz niwwelegem Novemberwierder, de Wee bis […]

0

Fährtentraining für Anfänger

Haut de Moien huet de WSL säin éischte Fährtentraining fir Ufänger ofgehal. Mir ware frou ze gesinn, datt trotz deem naasse Wieder vill Interesséierter de Wee bis op Giwenech fonnt haten. Fir eis direkt opzewiermen ass et Kaffi, Téi a Mëtsche ginn. Iwwerdeems huet eise President de Participanten eng theoretesch Aféierung ginn. No enger Virféierung […]

0

Clubowend

E Freideg den 06. July hate vill vun eise Memberen de Wee bis op Mamer an d’ Pizzeria Croccante fonnt. Et war eng éischt Geleeënheet sech emol méi privat an och eng Kéier ouni Hond ze begéinen. Natierlech stoungen eis treiste Begleeder de ganzen Owend am Mëttelpunkt. Dëst net nëmmen duerch eng ausféierlech Presentatioun vun […]

0

1. Wäissentour war een Erfolleg

Eisen éischten Trëppeltour war en Erfolleg. Trotz dem ongënschtege Wieder hunn zuelräich „aktiv“ Memberen de Wee bis op Consdrëf fonnt gehat. Den Hënn war de bëssi Reen egal. Si waren an hirem Element an hu sech super an der Wiss ausgetobt. Duerno, bei der Waasserplaz gouf dann ëm d’Wett geschwommen. Während déi agefleeschte Schwëmmer ee […]