Chrëschtfeier

Chrëschtfeier

Freides, den 20. Dezember 2013 huet den WSL op seng traditionell Chrëschtfeier invitéiert.

Dëst Joer hate mer eis den Savory zu Grevenmaacher erausgesicht, deen iwwerzeegt huet mat sengem wonnerbaren Menu. Mir waren frou ze gesinn, dass sou vill vun eisen Memberen Zäit fonnt haten fir en flotten a gemittlechen Owend mam Club ze verbréngen. Et war eng super Ambiance bei Dësch, et gouf vill gelaacht mat flotten an interessanten Gespréicher an sou muncher een huet deen Owend vill Ausdauer bewisen.

Eisen schéinen WSL-Kalenner war och pünktleg zur Chreschtfeier färdeg an konnt als Start fir an daat neit Joer mat heem gehol ginn. Ofschléissend zu eiser schéiner Chrëschtfeier, wënsche mer all eisen Memberen an hiren Familljen en freedegt neit Joer. Mir hoffen, dass och 2014 eis Club-Aktivitéiten esou gutt besicht ginn – op mat oder ouni eis wäiss Gefährten. Dofir net vergiessen regelméisseg op eisen Aktivitéitenkalenner luussen ze goen, dass mer och weiderhin flott Momenter kennen zesummen erliewen.

About the Author

Joé

Comments are closed.