Clubowend

Clubowend

E Freideg den 06. July hate vill vun eise Memberen de Wee bis op Mamer an d’ Pizzeria Croccante fonnt. Et war eng éischt Geleeënheet sech emol méi privat an och eng Kéier ouni Hond ze begéinen. Natierlech stoungen eis treiste Begleeder de ganzen Owend am Mëttelpunkt. Dëst net nëmmen duerch eng ausféierlech Presentatioun vun eisem President iwwert d’Hierkonft vum Wäisse Schéiferhond, mä virun allem duerch den Austausch ënnert de WSLer vu Geschichten iwwert hir Muppen. Et war also eng flott Stëmmung an deen een oder anere konnt schlussendlech aus dësem Owend gutt Tips matheemhuelen a wosst dat säi Wäissen net deen Eenzegen ass, deen dëst oder dat stiicht oder eng Virléift fir dat eent oder dat anert huet. Mir soen iech (verspéit) Merci fir dëse flotten Owend an hoffen iech beim nächsten Treffen erëmzegesinn an natierlech freeë mir eis och drop nei Gesiichter ze gesinn.

IMG_5283

About the Author

Joé

0

 

No comments yet

What do you think