Fährtentraining für Anfänger

Fährtentraining für Anfänger

Haut de Moien huet de WSL säin éischte Fährtentraining fir Ufänger ofgehal. Mir ware frou ze gesinn, datt trotz deem naasse Wieder vill Interesséierter de Wee bis op Giwenech fonnt haten. Fir eis direkt opzewiermen ass et Kaffi, Téi a Mëtsche ginn. Iwwerdeems huet eise President de Participanten eng theoretesch Aféierung ginn. No enger Virféierung vum Iron, konnt jidderee gesinn, wéi vill Spaass en Hond op der Spur hu kann. Uschléissend konnte mir dunn op d’Praxis iwwergoen. Fir lues unzefänken kruten d’Participanten d’Méiglechkeet fir den Ofgang ausféierlech ze üben an domat och ze verstoe wéi wichteg dëse fir d’Spur ass. Nodeems all Hond dat gutt gemeeschtert hat, goung et dunn op déi nächst Etapp iwwer: D’Schenkele leeën. Jidderee konnt seng éischt Mini-Spur mam Hond maachen. Et war flott ze gesinn, wéi dem Hond säi wichtegst Organ beusprocht gouf. Mir si frou, datt et sou gutt geklappt huet an datt eis Memberen trotz dem Wieder motivéiert mat hiren Hënn geschafft hunn. Mir hoffen, datt de Fährtentraining d’Participanten dozou ugereegt huet fir an Zukunft méi dacks Spuren mat hirem Hond ze maachen fir säi Kierper a Geescht kënnen op eng gesond Aart a Weis auszelaaschten.

About the Author

Joé

0

 

No comments yet

What do you think